Home » Amicale Sapeurs Pompiers Mondorf-Altwies » 13. Porte Ouverte mat Grillfest Pompjeeën Mondorf 5.8.2018 Dat haat d'Equipe vum Käpt'n Ändä an 11 Joer och nach net: dass eng Koppel sech wärend engem Optrëtt op der Bün d'Jo-Wuert gëtt. Op der 13. Porte Ouverte mat Grillfest vun der Amicale vun de Sapeurs-Pompiers vu Mondorf-Altwies, bei der Sportshal vu Munneref e Sonndeg 5.8.2018 war et dunn esou wäit: bei herrlechem Summerwieder huet d'Monique de Jos gefrot fir hatt ze bestueden an d'Äntwert war "JO!". Ee vu villen Highlighten vun engem super Owend op deem trotz den héigen Temperature vill gedanzt gouf!
Photos: Tom Jean
Restricted Categories