En Dënschdeg 11.11.2014 war den Optakt vun enger ganz spezieller Péitenger Fuesend 2015. D'Kavalkad feiert hiere 60. Gebuertsdag an duerfir ass de Programm besonnesch grouss. De Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy, d'Lisa an hier Hüetten hunn dann och extra en neit Lidd fir d'Péitenger Fuesend geschriwwe mam Titel "Mir halen zesummen". Dat gouf deem neie Prënz David I. virgestallt an dee ganze Sall huet direkt matgesong. Doniewt gouf op deem schéinen Owend och nach dat neit Lidd "Elo geet eis Party richteg lass" fir d'Päischtcroisière 2015 virgestallt. Wat fir eng Stëmmung - matzen an der Woch ;-)! Esou kann et weider goen!!
Photos: Tom Jean
Restricted Categories