Home » Kropemannsfest Réiden/Atert
Kropemannsfest Réiden 29.9.2019
7mol hat d'Kropemannsfest zu Réiden Sonn iwwer Bierg an Dall - bei der 8. Editioun huet d'Wieder leider net ganz matgespillt. Duerfir waren e Sonndeg 29.9.2019 manner Leit an der Grand rue ënnerwee, mee déi, déi do waren, hunn et nawell net bereit. D'Stëmmung war ronderëm déi selleche Büne war wéi ëmmer excellent. Op där beim Glaesener-Betz hunn e.a. de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon de Public beschtens ënnerhal!
Photos: Tom Jean
Kropemannsfest Réiden 30.9.2018
Den Härgott muss e Réidener sinn!! Och fir déi 7. Editioun vum Kropemannsfest e Sonndeg 30.9.2018 huet d'Sonn vum Himmel gelaacht. Wuel nees iwwer 20.000 Leit hunn d'Grand rue dee ganzen Dag gefëllt an d'Stëmmung war ronderëm déi selleche Bünen excellent! Beim Glaesener-Betz hunn d'Fada's Family an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria de Public beschtens ënnerhal!
Photos: Petz Flammang
Kropemannsfest Réiden 24.9.2017
Wéi maachen se dat zu Réiden? De Kropemann muss e gudden Drot zum Péitrus hunn, well och déi 6. Editioun e Sonndeg 24.9.2017 ass bei herrlechem Wieder iwwer d'Bühn gaang. Schätzungsweis iwwer 20.000 Leit hunn derfir gesuergt dass d'Stroosse struppevoll waren an d'Stëmmung war wéi ëmmer excellent! A matzendran: de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon!
Photos: Tom Jean
Kropemannsfest Réiden 25.9.2016
Zu Réiden hu se e besonnesch gudden Drot zum Péitrus: och fir déi 5. Editioun vum Kropemannsfest war alt neess super Wieder an esou ware d'Grand Rue neess schwaarz vu Leit! D'Stëmmung bei deenen dausende Leit war esou wéi d'Wieder a virun der Bühn 2 war nomëttes alt neess eng weider lass: de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hunn déi vill Leit mat lëtzebuerger an internationale Lidder begeeschtert!
Photos: Tom Jean
Kropemannsfest Réiden 27.9.2015
Wa Kropemannsfest zu Réiden ass, dann ass schéint Wieder! Dat war och bei der 4. Editioun e Sonndeg 27.9.2015 net anescht! D'Sonn huet gelaacht iwwer Bierg an Dall an d'Stëmmung bei deenen dausende Leit an der Grand-Rue war excellent! Matzendran, op der Bühn 2: de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon.
Photos: Tom Jean
Kropemannsfest Réiden/Atert 28.9.2014
E Sonndeg 28.9.2014 war déi 3. Editioun vum Réidener Kropemannsfest a fir d'3. Kéier haaten se un der Atert herrlecht Summerwieder. Grad esou gutt war dann och d'Stëmmung an de Stroossen, wou dausende vu Leit um Rende-Vous waren. An der Mëttesstonn hunn de Käpt Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon ënnen am Duerf fir Bommestëmmung gesuergt!
Photos: Tom Jean
Kropemannsfest Réiden/Atert 29.9.2013
E Sonndeg 29.9.2013 war déi 2. Editioun vum Kropemannsfest zu Réiden un der Atert. Bei super Wieder waren alt neess dausende vu Leit an der Grand Rue ënnerwee an d'Stëmmung hätt nët besser kinnte sinn. Op der grousser Bühn hunn de Jugendtreff Réiden, d'Lisa Mariotto an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Tascha an d'Hüetten Sharon a Vanessa e faarwege Programm zum Beschte ginn.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories