Home » Frënn vun Csókakö Hiefenech
Oktoberfest Hieffenech 5.10.2018
De Centre Culturel zu Hieffenech war e Freideg 5.10.2018 alt neess gutt gefëllt! D'Oktoberfest vun de Frënn vun Csokakö, mat e.a. Gäscht aus Ungarn, war nees e volle Succès. De Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon a Susana hunn nom passende Kascht fir Bommestëmmung gesuergt an duerno huet den DJ Leo Party gemaach bis an déi fréi Moiesstonnen.
Photos: Tom Jean
Oktoberfest Hieffenech 6.10.2017
De Centre Culturel zu Hieffenech war e Freideg 6.10.2017 alt neess ausverkaft! D'Oktoberfest vun de Frënn vun Csokakö war neess e Succès op der ganzer Linn! Den Orchester Woody Woodpecker an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon a Susana hunn nom passende Kascht neess fir Bommestëmmung gesuergt.
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Hieffenech 7.10.2016
De Centre Culturel zu Hieffenech ass e Freideg de 7.10.2016 aus allen Néite geplatzt: Rekord-Participatioun um Oktoberfest vun de Frënn vun Csokakö! Den Orchester Woody Woodpecker an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hu fir eng Bommestëmmung gesuergt an d'Gäscht goufe mat deftege Spezialitéite verwinnt.
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Hieffenech 2.10.2015
E Freideg den 2.10.2015 war de Centre Culturel zu Hieffenech neess bis op déi läschte Plaz besat: d'Oktoberfest vun de Frënn vun Csokakö war e groussen Erfolleg an d'Stëmmung am Sall konnt net besser sinn! Matzen am Gewulls: den Orchester Woody Woodpecker an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon.
Photos: Tom Jean
Oktoberfest Hieffenech 3.10.2014
Ët war schonn dacks schéin zu Hieffenech, mee d'Oktoberfest vun de Frënn vun Csokakö e Freideg 3.10. huet alles nach eng Kéier getoppt. Super Kascht a Bommestëmmung am ausverkaafte Sall. No Hax, Weisswurscht a Leberkäs hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon Gas ginn, mat der Ënnerstetzung vum Orchester Woody Woodpecker.
Photos: Tom Jean
Oktoberfest Hieffenech 4.10.2013
Oktoberfest Hieffenech 5.10.2012
Ë Freideg 5.10.2012 haaten d'Frënn vun Csokakö vun Hieffenech op hiert traditionnellt Oktoberfest invitéiert. De Centre Culturel war wéi ëmmer gutt gefëllt an niewt Weisswurscht, Bretzel a Gulaschzopp kruten d'Leit déi beschte Stëmmung vum Orchester Woody Woodpecker, dem Rol Girres an dem Käpt'n Ändä, séngem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Vanessa a Mira zervéiert - e schéinen Owend!
Photos: Max Schiltz
Ungareschen Dag 15.1.2012
Ë Sonndeg 15.1.2012 haaten d'Frënn vun Csokakö op hieren traditionnellen ungareschen Dag an de Kulturzenter op Hieffenech invitéiert. Nom Gulasch ass d'Stëmmung héich gekacht mam Woody Woodpecker, dem Käpt'n Ändä, sengem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten. Iwwerzeegt Iech selwer vun där Bommestëmmung...
Photos: Mira Ouardalitou a Claude "Waldy" Wanderscheid
Restricted Categories