Home » Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Fuesnometteg am Blannenheem 25.2.2020
Op Fuesdënschdeg, de 25.2.2020, war deen traditionnelle Fuesnomëtteg vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung zu Bierschbech. De Festsall war bis op déi läschte Plaz gefëllt a bei Fueskichelcher an engem gudde Patt gouf vill gelaacht, gesong, geschunkelt a gedanzt op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon!
Photos: Tom Jean
Fuesnometteg am Blannenheem 9.3.2019
E Samsdeg 9.3.2019 war deen traditionnelle Fuesnomëtteg vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung zu Bierschbech. De Festsall war mat ville flotte Boke gutt gefëllt a bei Fueskichelcher an engem gudde Patt gouf vill gelaacht, gesong, geschunkelt a gedanzt op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000 an den Hüette Susana a Sharon!
Photos: Tom Jean
Fuesnometteg am Blannenheem 17.2.2018
E Samsdeg 17.2.2018 war deen traditionnelle Fuesnomëtteg vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung zu Bierschbech. De Festsall war mat ville flotte Boke gutt gefëllt a bei Fueskichelcher an engem gudde Patt gouf vill gelaacht, gesong, geschunkelt a gedanzt op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000 an den Hüette Maria a Sharon!
Photos: Tom Jean
Fuesnometteg am Blannenheem 11.3.2017
E Samsdeg 11.3.2017 war deen traditionnelle Fuesnomëtteg vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung zu Bierschbech. Vill flott Boke waren och dest Joer neess um Rendez-Vous an hu sech bei engem Patt an engem gudde Maufel herrlech ameséiert op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Sharon!
Photos: Tom Jean
Fuesnometteg am Blannenheem 21.2.2016
D'Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung haat e Sonndeg 21.2.2016 op Bierschbech op hieren traditionnelle Fuesnomëtteg invitéiert. Um 14.30 war de Sall vläicht esou gutt gefëllt ewéi nach ni an d'Gäscht goufen e.a. mat Fueskichelcher an Ënnenzopp verwinnt. Fir déi excellent Stëmmung hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Sharon a Susana gesuergt!
Photos: Tom Jean
Fuesnomëtteg am Blannenheem 15.2.2015
Wat war dat nees schéin !!! Op Fuessonndeg haat d'Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung op Bierschbech op hieren traditionnelle Fuesnomëtteg invitéiert. Um 14.30 war de Sall wéi ëmmer gutt gefëllt an d'Gäscht goufe mat Fueskichelcher an Ënnenzopp verwinnt. Fir déi excellent Stëmmung hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Ruth a Sharon gesuergt!
Photos: Tom Jean
Fuesnomëtteg am Blannenheem 23.2.2014
Ë Samsdeg 23.2.2014 haat d'Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung neess op Bierschbech op hieren traditionnelle Fuesnomëtteg invitéiert. Um 14.30 war de Sall bis op déi läscht Plaatz besaat an d'Gäscht goufe mat Fueskichelcher an Ënnenzopp verwinnt. Fir déi excellent Stëmmung hunn de Käpt'n Ändä, säi Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon gesuergt!
Photos: Tom Jean
Fuesnometteg am Blannenheem 9.2.2013
Ë Samsdeg 9.2.2013 haat d'Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung op säin traditionnelle Fuesnomëtteg invitéiert. A séch sollt ët um 15.00 Auer lass goën, mee schon um 14.30 war de Sall bis op déi läscht Plaatz besaat. Bei där excellenter Stëmmung vum Käpt'n Ändä, séngem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten Sharon a Vanessa hunn d'Fueskichelcher, d'Ënnenzopp an de Patt nach besser geschmaacht!
Photos: Ruth Skinner
Restricted Categories