Gëtt ët méi ee schéin Liebeslidd fir d'Victoria an de Guy wéi "Frou mat Dir" vun eiser neier CD "Vill Frou!"?
Wuel kaum ;-)! Där Meenung war och RTL Däitschland an huet séch déi schéi Ballad vum Sandy erausgesicht, fir dee läschte Reportage vun der verléiwter Koppel musekalesch ze ënnermolen!
Beim Public Viewing am Café bei der Uelzecht zu Hesper waren de Guy, séng Frënn an eis ganz Equipe grad esou begeeschtert ;-)!
Hei e puer Fotoen vum Ruth Skinner:
Nach e puer Minutten, da geet et lass...
D'Sängerin an de Bauer si VILL FROU ;-)!
De Guy schreiwt dem Sandy Autogrammer als Souvenir un dee schéinen Owend!
Dem Guy gefällt d'CD "Vill Frou!" immens gutt;-)!
Eng Souvenirsfoto mam Käpt'n, mam Matrous, mam Sandy a mam Ruth ;-)!
Hei kënnt Dir den Deel vun der Emissioun vum Méindeg 25.11.2013 nach eng Kéier kucken, wou eist Lidd "Frou mat Dir" mat dran ass - Teil 2 ab 11'00" ;-)!







